vendredi, 28 avril 2017

6. Mee – Workshop iwwer kommunal Sozialpolitik

déi Lénk Gemeng Suessem lueden an zu engem Workshop iwwer kommunal Sozialpolitik

Samschden, 6. Mee
vun 9.30 bis 12.00 Auer
CENTRE CULTUREL
BELVAUX/METZERLACH,
rue Sigefroi L-4407 Belvaux

mat ageluedenen Experten aus deene verschiddene Beräicher vun der kommunaler Sozialekonomie:

Gary Diderich iwwer économie solidaire
Administrateur-délégué vu 4motion a.s.b.l.

Jos Piscitelli iwwer épicerie solidaire
Coordinateur-délégué vun „Eis Epicerie Zolwer“

Gilles Ramponi iwwer Wunnengspolitik an de Gemengen, gestion locative sociale an den Office Social
Responsabel fir de Service Logement vum Office Social Nordstad

Eric Weirich iwwer alternativ Wunnformen
Member vun der Plattform Adhoc habitat participatif

Si versichen eng Äntwert ze fannen zur Fro: Wéi kann een op Gemengenniveau eng Sozialpolitik maachen déi d‘Aarmut net nëmme geréiert mee och alternativ an innovativ Weeër aus der Aarmut entwéckelt.

Déi Veranstaltung ass och op fir Interessenten aus anere Gemengen.

Les autres sections

Photos

no images were found