jeudi, 03 janvier 2019

Stellungnam vun déi Lénk zum Budget 2018 / 2019 Suessemer Gemengerot vum 14. Dezember 2018

« Gouverner c’est prévoir: … »

… ass den Ufank vun engem Zitat vum Emile de Girardin, an den Titel vu mengem desjäregen, dach méi politeschen « Aufsatz » zum Budget, e Budget deen eis d’Geleeënheet gëtt fir Bilan vun engem Joer Lsap Féierung ze zéien an ze kucke wat a wéi dës am vergaangene Joer geschafft huet a wat si an Zukunft wëlles huet.

Nee ech hunn den CSV Koalitiounspartner net vergiess, obwuel een dat roueg hätt kënne maache, well et huet een net ganz vill vun dësem héieren. Gesinn huet een zwar eenzel Acteure vun hinnen – live a speziell op Photo’en – zimlech oft esouguer, an och wann dës als Mënsche ganz sympathesch a fäin, vläicht heiandsdo e bessen ze fäi sinn, esou sinn si dach, vis-à-vis vun der Lsap, net richteg eraus komm a wann se sollten Akzenter gesat hunn, dann hunn se dat esou behutsam an diskret gemaach, dass een dat net mat krut.

Dat war net grad esou top.

Op dëser Plaz an zu all weidere Kritiken iwwert d’Leit déi politesch responsabel si fir dëse Budget, kéint (traditiounsgeméiss) en Zitat vum Coluche passen:

“Pour critiquer les gens il faut les connaître, et pour les connaître, il faut les aimer”

Op mer si elo all gären hunn, déi mer hei kritiséieren, woen ech ze bezweifelen, mä mär kennen se.

Dofir hat ech där vermeintlecher 1. Schäffin d’lescht Joer de 15. Dezember op dëser Plaz jo och, anstatt 100, ganzer 365 Deeg, also bis haut nach mat, Zäit ginn hat, fir ze weisen, ob si et als “Junior”-Koalitiounspartner géif fäerdeg brénge fir aus der sozialistescher Dominanz – fräi nom Louis XIV « l’Etat c’est moi » – eraus ze kommen.

Leider hu mer e Méinden, bei hirer Presentatioun vum Budget musse feststellen, dass si weder d’Prozedur geännert nach méi ze presentéiere krut, wéi dat hir Virgängerin huet däerfe maachen – nämlech nach ëmmer just déi blank Zuelen op de Graphiken aus dem ordinäre Budget.

Alles anescht ass nach wie vor Chefsaach, wou de Buergermeeschter, weider déi politesch Accenter eleng fir sech beusprocht, an eis dat net nëmmen am extra-ordinären-, mä och nach eng Kéier am ordinäre Budget virgedroen huet.

Zur Prozedur:

D’Finanz- an 1. Schäffin huet eis e Méinden, elo fir zweet, an Aussicht gestallt fir d’Prozedur fir d’nächst Kéier ze änneren. A wann et och wäert schwéier ginn, fir am Virfeld an der Finanzkommissioun a mat Gemengerotsmemberen duerch all Artikel ze goen, esou misst et awer méiglech sinn, esou wéi vun engem vun eise Memberen an der Finanzkommissioun gefrot – deen un dee fréiere Finanzschäffen Gusty Klein  erënnert huet – fir wéinstens duerch déi eenzel Kapitelen ze goen. Dat ass effektiv, zanter dass de jëtzege Buergermeeschter d’Finanzen ënnert sech huet, net méi geschitt, voire net méi méiglech gewiescht.

Et kann nawell net sinn, dass mär als Gemengerot an der Woch virun der Budgetsdiskussioun, an der Finanzkommissioun, eng Ebauche vun engem 273 Säiten décken Dokument kréien, wou mer zum gréissten Deel keng Anung hunn, wat am Endeffekt real finanziell gelaf ass a wat wäert lafen, vu dass mer, wéi ee weess a wéi mer dat jo scho méi oft bemängelt hunn, absolut net an d’Gestaltung, weder vum Budget nach vun der Gemengepolitik als Solch, mat agebonne ginn.

De Schäfferot bréngt et quasi an allen Dossier’e fäerdeg, wéinst den Delais’en, Zäitdrock ze produzéieren, well e bis de leschte Moment waart fir d’Dossier’en unzegoen.

Dat war ënner aneren de Fall fir de PAG, den Avis zu de Plans sectoriels, de Park Management an dës Woch nach (nieft dem Budget) d’Bautereglement an d’Waasser- an Ofwaassertaxen, déi mer, fäerdeg, op de leschte Stëppel, quasi zesumme mam « Public » virgestallt kruten a dann ënner Drock nach séier hunn däerfe Froe stellen fir da w.e.g. awer mat JO of ze stëmmen.

Och bei aneren offiziellen Decisiounen a Meenungsaussoën, gi mer vum Schäfferot fërmlech iwwerrascht, wéi den Architekteconcours fir eng nei Maison Relais mat Musekssall bei der Schoul 2000 zu Zolwer, d’Pressekonferenz zum Knauf, de Bocuse am Schlass zu Suessem, de Recours zum Contournement vu Käerjeng oder den neie Logo vun der Gemeng.

A ginn d’Bierger dann eemol gefrot, wéi fir d’Spillplazen an zwou Cité’en zu Suessem,  da gi mär als Gemengeréit emol näischt doriwwer gewuer, geschweige denn invitéiert. Wann ech bis elo « mär » gesot hunn, da woen ech ze behaapten, dass dovunner  quasi all Conseiller’e betraff sinn.

Wa mär Lénk (an do si mär leider meeschtens déi Eenzeg) dann deelweis, resp. guer net mat d’Accord sinn a stëmmen dergéint, oder stëmmen nawell awer mat JO, resp. enthalen eis a bréngen eegen Initiativen, Froen, Diskussiounen a Motiounen eran, da gi mer gréisstendeels perséinlech ugegraff a wëllen eis (dixit Georges Engel) “jo dach nëmme Liebkind bei de Leit maachen”.

Erlaabt mer en Extrait aus engem RTL Reportage vun der leschter Woch ze zitéieren:

“Et wär eng Frechheet, wéi d’Membere behandelt goufen, déi géint de Programm gestëmmt hunn. Et kann net sinn, dass mol eng Woch am Viraus e Kongress ugekënnegt gëtt. Et kann net sinn, dass mer bis gëschter net wierklech woussten, wat am Koalitiounsaccord dra steet. Et kéint ee bal mengen et wier express esou gemaach, fir dass och nëmmen kee sech am Viraus versammelt kritt, fir dass nëmmen keen de Koalitiounsaccord ënnert d’Lupp hëlt, well dir wësst, wat dir eis do en Gros liwwert, ass aarmséileg. Dass de Koalitiounsaccord gëschter schonn ënnerschriwwe gouf a Muer och scho vereedegt soll ginn, beweist fir mech, dass de Kongress hei méi Form-Saach ass, wéi dass wierklech eis Meenung nach gefrot gëtt.”

erkläert de Georges Sold, Generalsekretär vun de Jonke Sozialisten, um LSAP Kongress d’lescht Woch zu Stroossen.

Dat beschreift a bestätegt ganz gutt d’ « Méthodes de Gouvernance » vun enger Lsap Führung an déier eise Buergermeeschter als Vizepresident an als zukünftege Fraktiounschef maassgeeblech dru bedeelegt ass.

Mär hu scho méi wéi eng Kéier déi geréng Wäertschätzung vun de Conseiller’en ugeprangert a mer kënnen nëmmen hoffen, dass déi nei Inneministesch, déi als Escher Gemengeréitin, jo esouwuel an der Majoritéit, wéi bis dato och an der Oppositioun war (eenzeler heibannen hunn hir Zäit an der Oppositioun ganz séier vergiess an anerer sinn nach net dran ukomm), bei der Reform vum längst iwwerfällege Gemengegesetz, déi richteg Akzenter setzt, fir d’Missiounen an domadder d’Wäertschätzung vun de Gemengeconseiller’en, notamment vun deenen an der Oppositioun, ze rehausséieren an hinnen domadder eng méi aktiv Roll an der Gemengepolitik zoukomme léisst, anstatt dass se ganz oft leedeglech zum “Stëmmvéih” degradéiert ginn – A wéi oft héiert een als Oppositiounspolitiker « egal wat dir sot, mär stëmmen awer dofir » an dann zielt och nëmmen méi d’Mathematik.

Zum Budget am Allgemengen:

Et kéint een sech dofir, an net zulescht och wéinst där hei virdrun zitéierter Prozedur, froen, ob de Budget, zumools den ordinäre Budget, da wierklech dat wichtegst POLITESCHT Dokument vum Joer ass, oder ob et net awer nëmmen eng Oplëschtung, resp. eng ToDo Lëscht, vun deenen, zum gréissten Deel noutwendegen an onëmgänglechen, resp. vum Staat virgeschriwwenen, Aufgaben an deenen domadder zesummen hängenden Ausgaben ass.

Dat selwecht gëllt och fir d’Einnamen, déi ee quasi net substantiell ka beaflossen an déi jo zum gréissten Deel vum Staat kommen.

Esouguer déi kommunal Taxen fir d’Ofwaasser an net zulescht fir d’Waasser gi vum Staat, voire vun der EU virgeschriwwen a musse käschtendeckend sinn, obwuel d’Waasser e Grondrecht an e Grondbesoin ass.

Zum Kostendeckungsprinzip, mat deem mär net kënnen d’accord sinn, hunn ech jo scho virdru bei de Punkte 4 bis 7 an dëser Sitzung geschwat.

*** Punkt 4 bis 7 aus der Sitzung: ***

Déi kommunal Taxen fir d’Ofwaasser an net zulescht fir d’Waasser gi vum Staat, voire vun der EU virgeschriwwen a musse käschtendeckend sinn, obwuel d’Waasser e Grondrecht an e Grondbesoin ass.

D’Plangen, d’Realiséieren, d’Ënnerhalen, jo esouguer den Amortissement (d.h. Suen op d’Säit leeën fir Investitiounen a 50 Joer), alles soll elo vun de Leit integral selwer bezuelt ginn!

Et gëtt een d’Gefill net lass, dass d’Lobby’e vun deene private Konzerner, déi d’Waasser mat hiere Quellen iwwerall opkafen, EU Politiker a Fonctionnairen esou beaflosst hunn, fir d’Waasser net nëmmen ze privatiséieren mä och nach besser zu Hëchstpräisser (inklusiv Frais’en a Managergehälter) kënnen ze verkafen.

Wa mär de Kostendeckungsprinzip da scho virgeschriwwe kréien, mat deem mär eis ganz schwéier dinn, well e vis-à-vis vum Steiersystem keng sozial Komponenten huet, dann hale mär ëmsou méi op e gestaffelte Präiss, mat ökologesche Kriterien an engem Fräibetrag fir déi minimal Besoin’en a wou déi méi bezuelen, déi Waasser “verbëtzen”. 

Mär acceptéieren déi Erklärungen och net, dass dat elo technesch net méiglech wier a loossen eis, elo och net mat deem voluminéisen a komplizéierten Dossier, dee mer de leschte Freiden eréischt kritt hunn, esou wéi deen, elo bemol, domadder verbonnenen Delai vum 1. Januar 2019, ënner Drock setzen a vum gestaffelte Waasser- an Ofwaasserpräis ofbréngen.

Déi zwou Tariferhéijungen wäerten ouni Staffelung an ouni Gratisliteren (wéi vun eis gefuerdert an och am Koalitiounsprogramm festgehalen) de Budget vun den Haushalter empfindlech belaaschten. 

D’Taxe fixe soll vun 20.- all 3 Méint op 25 .- eropgoen, dat sinn 22,6%, an de m3-Präis geet vun 1,86.- op 2,80.- an d’Luet, dat sinn 50,5%.

Zum Kostendeckungsprinzip:

An dëser Sitzung goufen ausser deenen zwou genannten Tariferhéijungen och  eng Rëtsch vun Tariferhéijungen am Altersheim gestëmmt.

Si hunn all ee Problem gemeinsam: Nämlech deen dass d’Awunnerinnen an d’Awunner vun der Gemeng ëmmer méi Posten am Budget direkt oder indirekt ganz selwer musse finanzéieren.

Elo kann ee soen: Et gëtt keng gratis Leeschtungen. Och den ëffentlechen Transport wäert net gratis ginn a muss vun iergendengem bezuelt ginn.

Richteg, mee d’Fro ass: vu wiem? a wéi?

Wann all Zuchpassagéier säi Billjee zum selwechte Präis selwer bezuele muss, dann ass dat fir déi eng eng méi schwéier Belaaschtung wéi fir déi aner. A nach anerer kënnen sech dann en 1.Klass-Billjee leeschten! Indirekt Gebühren a Käschtebeiträg sinn duerfir onsozial an ongerecht.

Aus wichtegen ökologesche Grënn huet déi nei Regierung jo elo beschloss, de Gratuitéitsprinzip beim ëffentlechen Transport anzeféieren.

Si brécht domadder mat dem ongerechte Finanzéierungsprinzip vun ëffentleche Prestatiounen nom Käschtendeckungsprinzip a féiert de sozial méi gerechten Gratuitéitsprinzip an.

D.h. dass d’ëffentlech Transportdingschtleeschtung an Zukunft vum Staat bezuelt gëtt.

Bezuelt gëtt dat dann iwwer Steieren, déi méi sozial gerecht sinn, well se (wéinstens zum Deel nach) bezuelt ginn

1) vun de Betriber déi Gewënner maachen (an also och vun der Mobilitéit vun hiren Beschäftegten profitéieren), an

2) vun enger progressiver Akommessteier wou déi prozentual méi bezuelen déi och méi .

De gratis Transport ass domat e Meilesteen an e Broch mat der käschtendeckender „Philosophie“ vun der Waassertax an der Ofwaassertax déi de Gemengen opgezwonge ginn ass.

Déi selwecht „Philosophie“ gëllt och am Altersheim, dat och käschtendeckend funktionéiert. Béides – Waasser an Ofwaassernetz an och Altersheim – kënnt esou dem Privatiséierungs-Prinzip gläich, och wann d’Gemeng kee Profit mécht. Si leescht awer hei och keng finanziell Ëmverdeelung méi a subsidéiert och keng sozial Funktioun méi.

Ausser d’ « Gromperegeld », dat awer quasi nëmmen deenen zegutt kënnt, déi den RMG / REWIS kréien an net de « Workingpoor », resp. deenen, déi um Existenzminimum sinn.

Dofir wéilte mär en Zeeche setzen ein eis bei dësen Taxenerhéijungen enthalen. Mär stëmmen net dergéint well der Gemeng jo keen anere Choix gelooss gëtt. Op där anerer Säit si mer jo, wéi scho gesot, net frou, dass de gestaffelte Waasserpräis net awer zeréck behale ginn ass an hoffen, esou wéi dir dat elo hei versprach hutt nohuelt.

*** Enn Punkt 4 bis 7 aus der Sitzung: ***

Wat d’Personalkäschten am ordinäre Budget ubelaangt, denken ech, dass et wäert schwéier ginn, fir d’Evolutioun vun dësen opzehalen, wann een dem Wuesstem (op deen ech nach wäert ze schwätze kommen) an den Aufgabe vun der Gemeng wëll gerecht ginn.

 « Gouverner c’est prévoir:…»:

An d’Personalkäschten si Frais’en, déi eng Gemeng jeeweils fir 40 Joer belaaschten.

Esou wéi all weider Infrastrukturen (resp. Ausgaben am extraordinäre Budget), laangfristeg finanziell Konsequenzen (a Material, Entretien, Personal, asw…) am ordinäre Budget generéieren.

In wéiwäit huet de Schäfferot dës Evolutioun a sengem Budget mat agerechent, vu dass mär deen interne Finanz-Entwécklungsplang net kennen – wann et dann esou een, nieft dem virgeschriwwene Plan quinquenal gëtt – zemools ee gesäit, wéi d’Schéier vun de Recetten an den Depense (déi bekanntlech jo méi séier klamme wéi d’Recetten) ëmmer méi zesumme wiisst.

An dësem Budget gëtt dat ganz kloer, mat enger virgesinner Hausse bei de Recette vu 5,96% géigeniwwer vun enger Hausse bei den Depensen vun 10,09%.

Dir konnt déi lescht Jore vun engem grousse Wuesstem profitéieren an hutt iech kuerzfristeg net vill Suerge bréichten ze maachen.

Iwwert de Wuesstem am Allgemengen an deenen domadder verbonnene personellen an infrastrukturelle Besoin’en, déi hirer Säits dann awer eng ganz Partie Nuisancen generéieren, brauch ech op dëser Plaz net am Detail anzegoen, mä et misst een awer sérieux doriwwer diskutéieren a mat arechnen, also prévoir, dass déi Form vu Wuesstem, wéi mer se de Moment hunn, zumindest ökologesch gesinn, net esou ka weider goen.

Nach méi bauen, nach méi Awunner, fir nach méi e grousse Wuesstem an domadder zum gréissten Deel nach méi e grousse Benefice ze generéieren, deen dann nawell net deenen zegutt kënnt, déi en am Meeschte géife brauchen, resp. déi en am meeschte verdéngt hätten.

Net dass ech falsch verstane ginn: Natierlech si mer als déi Lénk fir en Ausbau vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen. Mee mer maachen eis am Allgemenge Suergen em d’Gemengefinanzen. Wann d’Kapital an déi Räich net méi wëllen dozou bäidroen, da ginn d’Suen bei deene geholl déi schaffe ginn a bei deenen Aarmen. Kucke mer dach wat fir eng Politik de President vun deene Räichen a Frankräich mécht – a wat fir eng sozial Revolten en ervirrifft. An déi hunn als Ulass dat selwecht wat ech elo grad erwäänt hunn: indirekt, sozial ongerecht Steieren an Taxen. Dofir muss ee gutt oppasse wat ee meet.

Zum « Logement »:

Dee fënnt keng wierklech extra Erwänung an de Riede vum Buergermeeschter an der Finanzschäffin.

Wunnengen déi d’Leit sech bezuele kënnen, bleiwen awer, wéi ech dat schonn d’läscht Kéier ervirgehuewen hunn, e Kärproblem an eiser Gemeng.

Mer haten als déi Lénk viru kuerzem bei enger symbolescher Aktioun um Ban ervirgehuewen, dass dee Ban de Gasperich bal ganz enger Persoun gehéiert, déi – fir den Numm elo net hei ze nennen – en Transfert vun Diddeleng op Hesper meet, an déi duerch eng fiskal Konstruktioun, nämlech e spezielle Fong, e sougenannte “FIS”, do keng Steiere bezilt, also sech eng gëllen Nues verdéngt.

A mär sollten och net mengen, dass déi grouss Cité’ë bei eis anescht gebaut ginn.

Och do ass de Profit virrangeg, an duerfir klammen och d’Präisser vum Kafen a vum Lounen, esou dass keen déi méi bezuele kann.

Nichtsdestotrotz brauche mer Wunnraum, mä erschwéngleche Wunnraum, resp. sozial Wunnengen, déier d’Gemeng selwer der séier wéineg huet.

An do ginn déi 1,25 Mio fir Terrain’en (1 Mio) a Sozialwunnengen (250.000) (wat bei Gesamtrecette vu ronn 79,5 Mio nëmme 1,54% ausmëscht) natierlech net duer fir vill selwer ze baue, resp. substantiell d’Promoteuren dozou ze beweegen / « forcéieren » sollen, fir d’Präisser erof ze setzen – a mär wëssen och net inwiefern een einfach, esou wéi dat elo vun deene Gréngen hei gefrot gëtt, 5 Mio dofir weider als Prêt opzehuelen.

Mär denken, dass ee sech deem (bekanntlech jo och nationalen-, konjunkturellen- a Wuesstems-) Problem intensiv muss unhuelen, breet diskutéieren an an d’Richtung vun neien, alternativen a nohaltege Modeller (wéi dat z.B. beim Projet Taupeswiss verpasst gouf) muss goen.

Déi Lénk hunn eng Partie Propositiounen a Pisten an hirem Walprogramm uginn, wouvun een allerdéngs näischt, weder iwwer de PAG oder d’Propositioun vum neie Bautereglement, wat alternativ Wunnmodeller ubelaangt, nach iwwer de “Plan sectoriel Logement”, wou mer e Minimum vun 30% u verbëllegte Wunnengen an neie Lotissementer och an de Quartiers existants virgeschloen haten, am Budget erëm fënnt.

Zu de Risiken:

notamment vum Modell Lëtzebuerg, deen e.a. och mat dem Risiko vun enger neier Finanzkris ze rechnen huet.

Esou iwwerschreift den Ekonomist Marc Hostert dann och seng Risiko Analyse an der RTL Carte blanche vum leschte Méinden: « Gouverner c’est prévoir: » a schwätzt do:

  • vum Risiko vum obligatoreschen Wuesstemspad vun 3 bis 3,5%,
  • vum Risiko vun engem méigleche Konjunkturwiessel um Enn vum positiven Zyklus
  • vu Schold-, Zëns-, Struktur-, Demographie- a « klengt oppent Land »- Risiken.

Ech weess net inwiefern de Schäfferot sech Gedanken iwwer des an aner Risike gemaach huet. Mär maachen eis op alle Fall vill Suergen doriwwer, kuckt een der LSAP, an hirem alen an neien Economie MInister seng wirtschaftlech Uschauung a virun Allem eisem Schäfferot seng An- oder besser gesot seng Vir-Schau…

Well wéi oft hu mer hei banne gesot kritt, dass de Schäfferot keng Glaskugel hätt, wou een Zukunft dra kéint gesinn…

Dofir goufen da sécherlech och eng ganz Partie Reglementer, wéi de PAG, d’Bautereglement, d’Parkreglement, hiren Aussoen no, « net a Stee gemeesselt » an esouguer « Beton wier vergänglech » a si kucken, erlaabt mer den Term: probéieren, emol, wat dorausser gëtt a wéi sech dat alles um Terrain auswierke wäert.

Mär fäerten, dass dëse Budget mat där selwechter Philosophie opgesat gouf a wäit ëwesch vun enger virsiichteger a previsionneller Politik ass.

Derbäi kënnt, dass dee Pouvoir, deen eng eenzel Persoun, de Buergermeeschter, elo mam neie PAG (an deem domadder verbonnene Bautereglement) kritt, eis richteg Angscht mëscht, zemools wann een dem Buergermeeschter sengen Ausféierunge vum leschte Méinde bei der Presentatioun vum Budget nogelauschtert huet. Ech zitéieren:

« D’Entwécklung vun der Gemeng gëtt 2019 wesentlech bestëmmt duerch de Vote vum neien PAG dee mer den 11. Januar 2019 wäerten virhuelen. Dat Dokument erlaabt eis, eis Zukunft ze gestallten esou wéi mär dat dann ochfir richteg fannen, gëtt d’Evolutioun fir déi nächsten Joren vir an wäert eiser Politik vun de leschte Joren dee néidegen gesetzleche Kader ginn, dee mer brauchen »

Wann ee weess, wéi wäit dem Här Engel säin « esou wéi mär dat dann och fir richteg fannen » vun deem « wat mär Lénk fir richteg fannen » ëwesch ass, an ee weess, dass de Buergermeeschter duerch déi onmoosseg Derogatiounen (eleng am Bautereglement ass iwwer 30x « le bourgmestre peut » virgesinn), quasi eleng kann entscheeden, wéi, wat a wouhinner ka gebaut ginn, da gëtt engem dat wierklech ze denken – an dat esouguer onofhängeg vun deem, deen och ëmmer  Buergermeeschter / Buergermeeschtesch ass oder wäert ginn.

D’Zitat « Gouverner c’est prévoir:… » geet weider am Text mat: « La meilleure manière d’assurer la paix, c’est de devancer les complications susceptibles d’amener la guerre »

Esou wiere mär dann och frou, wa mer am kommende Joer, méi fréi, resp. iwwerhaapt, an d’Dossier’e géife mat agebonne ginn, an net « im warsten Sinne des Wortes » virun zouenen Diere stoe gelooss ginn.

Da géif esou muensche Klengkrich, dee mär hei ënnereneen hunn, guer net stattfannen.

Ech brauch iech wuel kaum ze soen, dass mär aus all deene virgenannte Grënn, dëse Budget net wäerte mat stëmmen.

Mat engem grousse Merci fir déi Leit vun der Administratioun déi mat un dësem Budget geschafft hunn, soen ech iech alleguer Merci fir d’Nolauschteren.

Fir déi Lénk,

Jos Piscitelli

Les autres sections

Photos

no images were found